Auftragsstatus
Persönliche Beratung
+352 27397723

Bitte wählen Sie...
Beim Abmelden werden alle nicht gespeicherten Projekte und Ihr Warenkorb aus Sicherheitsgründen gelöscht.

Zwee super City-trips un der Adria

Entdecken Sie Dubrovniks reiche Geschichte und die Schönheit von Split mit Kollegin Eline

Endlech konnt ech leschte Summer zwou Destinatiounen op menger Wonschlëscht ofhaken: Dubrovnik a Split. Kroatien hunn ech nach net kannt an ech hat nëmme gutt Saachen iwwer dës zwou Stied héieren. Wat mir beim Verreese gefält, dat ass e gudden Equiliber tëscht Aktivitéiten, Natur, Kultur a Patrimoine ze fannen. Ech kann definitiv soen, datt ech dat do fonnt hunn.

E puer Anekdoten iwwer Dubrovnik

  • Game of Thrones Fans mussen d’Stad onbedéngt besichen, well do vill Zeene gefilmt goufen, wéi zum Beispill de ‘Battle of Blackwater bay’ a ‘The Walk of Shame’.
  • Dubrovnik ass och berüümt fir säi Weesenhaus.
  • E bësse manner spannend dës Kéier: Dem Dubrovnik säi mëttelalterlechen Ofwaassersystem ass nach a Betrib, wat een heiansdo an der Loft a verschiddene Quartiere richt.

Dubrovnik vu senger schéinster Säit

Vu Schiphol aus si mir véier an eng hallef Stonn geflunn, fir op eis éischt Destinatioun ze kommen: Dubrovnik. Ouni ze iwwerdreiwen: Hei mengt een wierklech, et wier een op engem Filmset.

“Absolut ze besichen fir d’Fans vu Game of Thrones, vill Zeenengoufen do gedréit.”

An der Stad spadséieren a verschidde Plazen erkennen ... Et ass wierklech genial! Et ginn esou vill Méiglechkeeten, fir super schéi Fotoen ze maachen. D’Mauere vun der mëttelalterlecher Stad sinn immens, a fir 24 Euro lount sech d’Entrée op alle Fall, dat kann ech garantéieren!

Mir sinn den éischten Dag duerch d’Stad getrëppelt, hunn déi lokal Gastronomie a Wäiner entdeckt a si virun allem an eng herrlech urban Landschaft an enger entspaanter Atmosphär agedaucht. Den nächsten Dag hu mir dunn déi berüümt Maueren entdeckt an hunn duerno eng wuelverdéngte Paus bei engem Cocktail an enger Bar mat Vue op d’Mier genoss.

Wousst dir schonn?

  • Wann een an d’Stad kënnt, ass de PirjaSprangbuer net wäit. Et ass eng Hand, als Fauscht, déi Waasser aus dem Daum späizt; et ass ze wëssen, datt dëse Gest de kroateschen Equivalent vum Sténkfanger ass! Ass dat éieren e subtile Message vun de Bewunner vu Split un d’Touristen?
  • An der Stad goufe vill olympesch Champione gebuer, deenen hiren Numm op enger Rei vu Pavésteng um Boulevard ze liese sinn.
  • Der Legend no, bréngt déi déck Zéif aus Gold vun der Statu vum Bëschof Grgur Ninski reiwe Gléck. Als Resumé ...

Split a seng Geschicht

No véier Stonne Bus si mir zu Split ukomm. Wat d’Architektur ugeet, ass Split ganz anescht, mee et gëtt awer e gewëssenen historesche Patrimoine. Zu Split gëtt et e ganz schéine Boulevard an den Akafsquartier ass sécherlech méi interessant wéi zu Dubrovnik. An der Stad goufen och verschidden Zeenen aus Game of Thrones gedréit. Am Zenter vun der Stad fënnt een d’Ruine vum Palais vum réimesche Keeser Diokletian, ausserhalb vun de Mauere steet eng riseg Statu vum Grgur Ninski, engem kathoulesche Bëschof aus dem 10. Joerhonnert. De Mann gëtt als historesch Figur ugesinn, deen d’Sprooch an d’Kultur vum Land verdeedegt huet. Zu Split wéi zu Dubrovnik gëtt et vill fir d’Zäit ze verbréngen, zum Beispill an d’Geschicht an d’Kultur vun der Stad andauchen, an dat ass och dat, wat mir den éischten Dag do gemaach hunn. Den Dag drop war relaxen ugesot.

Gitt net op Dubrovnik oder Split fir op der Plage ze leien, well d’Plaz ass éischter stengeg ; fir Zäit beim Waasser ze verbréngen, bucht léiwer en Hotel mat Schwämm! Duerno si mir op eng Zort Club-Plage am Hafen (Jadran Beach Bar) gaangen, déi perfekt Plaz fir näischt ze maachen.

Souvenirs von Städtereisen: Verwandeln Sie Ihre schönsten Fotos in wunderbare Fotoprodukte